Egal ob Sonn, Reen, Hëtzt oder Keelt. Zwee Mol méi wéi gewinnt ginn d'Matcher bei dëser WM fir eng Drénkpaus vun dräi Minutten ënnerbrach. https://t.co/IhwpsvbOGz
De Parquet vun Dikrech ermëttelt wéinst versichtem Mord oder versichtem Doudschlag, nodeems zu Ettelbréck e Mann schwéier mat engem Messer blesséiert gi war. https://t.co/usTDtVVo7C
Bidscht, Gréiwels an Nidderfeelen: 377 Automobilisten goufe kontrolléiert, 15 mol war den Alkoholtest positiv, 2 Fürerschäiner agezunn https://t.co/0ZCaGxaDW9
Den EU-Landwirtschaftskommissär Christophe Hansen huet um Gehaanshaff zu Beetebuerg d'Produktioun vu Quinoa an Chia besicht an dobäi seng Ambitioune fir eng méi staark europäesch Proteinproduktioun virgestallt. #Landwirtschaft
https://t.co/yJ6xyTBpI6
E Sonndeg ass zu Barcelona déi zweet Manche vum Porsche Supercup gefuer ginn. Mam Chester Kieffer stoung e Lëtzebuerger um Rookie-Podium. #PorscheSupercup#ChesterKieffer
https://t.co/Ca6KN7hyBb
Et gi wéineg Staatsmänner aus dem 21. Joerhonnert, déi esou polariséiere wéi den Donald Trump. E Sonndeg kritt den US-President 80 Joer a wäert dës - wéi een et vun him gewinnt ass - grouss feieren. #DonaldTrump
https://t.co/nOAQU1f6mD
No engem medezineschen Noutfall am Public ass de Concert vun der franséischer Sängerin Sarah Schwab e Samschdegowend zu Munneref ofgebrach ginn.
https://t.co/2JcCs8SCAt
Am August 2021 ass d'Halima Mussawi aus Afghanistan op Lëtzebuerg geflücht. Wärend si hei probéiert, sech en neit Liewen opzebauen, mécht si sech all Dag Suergen ëm hir Famill a Frënn doheem.
https://t.co/jqkJl335QX