D'#tiparlo#app ass säit Gëschter mat enger neier Versioun an de Stores verfügbar.
Nieft zwee Bugs déi mer eraus geholl hunn, hu mer virun allem de Login-Schierm an d'Navigatioun verbessert.
https://t.co/VSFNy7fQfq
Dëse Weekend gëtt d’Hardware vum Dimmi Server opgerëscht, fir esou d’Performance vum Service ze verbesseren. Wärend den Aarbechte kann Dimmi net benotzt ginn.
D’Aarbechte fänken e Samschdeg, 22. Juli um 15 Auer un, a sollte viraussiichtlech e Sonndeg den Owend ofgeschloss sinn.
Mol eng Kéier ee Post deen näischt mat Valentinsdag ze dinn huet 😉
Lescht Woch hu mir déi neisten Versioun vun der #Storyboard#App erausbruecht. Dir kënnt se op @GooglePlay an am @AppStore eroflueden. Se beinhalt déi selwecht Verbesserungen wéi de leschte #OLEFA#Update.
Mam #OLEFA 23.01 #Update vun haut koumen eng Rei Verbesserungen am #Storyboard.
De Slider ass elo net méi fix ënnen, mee gëtt ofhängeg vun der Ecran-Proportioun, entweder ënnen oder riets placéiert. Heiduerch kritt den Haaptschierm méi Plaz a ka méi grouss duergestallt ginn.
Am Uschloss vun alle Gespréicher déi mir am Kader vun eiser #Cybermobbing Offer féieren, kréien d'Schüler kleng Messagen mat opmonternde Wierder vun der Klass wou mir als leescht waren an däerfen da selwer der nächster Klass Message schécken.
Mam #OLEFA 23.01 #Update vun haut koumen eng Rei Verbesserungen am #Storyboard.
De Slider ass elo net méi fix ënnen, mee gëtt ofhängeg vun der Ecran-Proportioun, entweder ënnen oder riets placéiert. Heiduerch kritt den Haaptschierm méi Plaz a ka méi grouss duergestallt ginn.
Mir wënschen iech all schéi Feierdeeg🎄an e gudde Rutsch an dat neit Joer 🥳.
Eise Büro ass fir de Rescht vum Joer zou. Mir sinn awer an dréngende Fäll via Email 📧 op [email protected] erreechbar.
3. Dir kënnt är Verbindungen (gescannte QR-Code resp. Tokens) erëm selwer ophiewen.
Dës Funktioune sinn aktuell just an der Web-Versioun vum Dimi ( https://t.co/5a0WXGgdwT ) verfügbar. Ufank nächst Joer kommen se awer och an d'Apps.
Fir d'Enn vum Joer hu mir 3 nei Funktiounen am Dimmi erausbruecht.
1. An de Noorichten gesidd dir elo ëmmer d'Auerzäit, och wann d'Noriicht schon e puer Deeg al ass.
2. An der Nooriichten-Iwwersiicht weist een 📎-Icon drop hi dass déi lescht Noriicht eng Datei enthalen huet.
1/2
Nous proposons au catalogue de l'INAP des formations sur l'accessibilité numérique pour les organismes du secteur public au Luxembourg. Il est dès à présent possible de s'inscrire pour les sessions 2023. Si cela vous intéresse, n'hésitez pas à vous inscrire ! 1/3
De Foyer de Jour Botterblumm um Briddel huet zanter kuerzem een eegene Website, mat flotte Fotoen an nëtzlechen Informatiounen: https://t.co/9YV6d7jk61
De 🎅 huet de brave Kanner (den Enseignanten natierlech och) eng verbessert Versioun vum #OLEFA#Storyboard bruecht.
Den #Update fir d'#App kënnt leider net mam Chrëschtkëndchen mee bestëmmt kuerz dono.
Mir hunn d'#Schoulvakanzen 🏖 a #Feierdeeg 🎄 an eisem #Kalenner à jour gesat.
Dir fannt d'Informatiounen fir d'Schouljoeren 22/23, 23/24, 24/25 elo op https://t.co/U4FLE66cuO
Dir kënnt se och als ICS direkt an äre Kalenner integréieren: https://t.co/kxUTwLJKeQ
Wosst dir dass @restena een Tool ubitt mat deem Enseignanten an e puer klicks hier @education.lu Email Adressen kënne op hiren @Apple Geräter konfiguréieren?
Dir fannt en op: https://t.co/ECZ6lNyIoj