Mir invitéieren eis Memberen op eis Generalversammlung mat Patt a Virwëlzbrout, an zwar e Samschdeg, den 13. Juni 2026, um 15 Auer an der Buvette vum Centre Joseph Altmann zu Hesper – 9, rue de Bettembourg.
Parkméiglechkeete ginn et op en ettlech Plazen an der Ëmgéigend zu Hesper.
Déi Leit, déi interesséiert sinn, kënnen op der Generalversammlung och virun der Kamera schwätzen an op Froen iwwer eis Sprooch äntweren. Déi kuerz Videoclippe publizéiere mir dann op de soziale Medien.
Et ass keng Petitioun vun der AL a mir hunn och näischt mat de Petitionären ze dinn. Dëse Mail ass just als Informatioun un eis Ënnerstëtzer ze gesinn.
Heimat wëlle mir iech informéieren, datt et eng Chamber Petitioun (Nummer 4004) gëtt, déi sech dofir asetzt, fir d'Lëtzebuerger Sprooch als Integratiounssprooch ze stäerken. D'Petitioun leeft nach 16 Deeg a kann hei ënnerschriwwe ginn:
https://t.co/S9a1xKVfvR
Éimaischen | D'AL um Biwer Bichermaart | Fréijorsliddchen | Vu Bomien a Kandskanner | Eis Sprooch als Identitéit - mee net als Ausgrenzung | Opléisung vum Rätsel vun der Kläckelchen 319 | De Witz-Eck
https://t.co/LbrYGuZ7Xe
Neijooschpatt 2026 | Fir mech als Lëtzebuergerin ass d'Schwätzen eng Selbstverständlechkeet | Vu Bomien a Kandskanner | De Witz-Eck
https://t.co/u4bg8VAyNA
Merci, Lex! | Eng Klack fir eis Sprooch | All Gutts fir 2026 – Invitatioun op eisen Neijooschpatt | D'Sëlwer Plaquette vum Joer 2026 fir d'Gemeng Nidderaanwen | D'Éiere-Plaquette DICKS-RODANGE-LENTZ | Éischte gedréckten Text op Lëtzebuergesch
https://t.co/fFpbibEcVW
Am Kader vun der éischter Editioun vum "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch" leeft an Zesummenaarbecht tëscht der AL an dem Bäcker Schiltz (zu Maacher an zu Nidderaanwen) eng speziell Actioun: "Eis Sprooch beim Bäcker", wou et de Kichelche "Lëtzi" gëtt:
https://t.co/I8YTFO6YY8
Typesch eises | De Raymond Schaack | Lëtzebuergesch an der EU | Al, vereelzt, rar? | Iwwersetzt emol op | Poretten | Nationalfeierdag
https://t.co/EDazxzF7ZS
Wouhir kënnt d'Lëtzebuergescht /2? | Eiser Dictionnairen | Iwwersetzt emol | Mäi Bouw / Mäi Jong? | Wat ass eng Schnok? | Alt nach emol: eis Schreifweis
https://t.co/Md2JwzvY32
Eis Sprooch fir ‚Auslänner‘ | Vläicht emol e bësse Geschicht | Märssi filmols | Hannelaanst | Vum Prënz Hendrik bis haut... | Alphabetiséierung
https://t.co/XqQW60zaeb