D’@dp_lu steet fir eng léisungsorientéiert Politik, déi eis Bierger a Betriber haut gezielt ënnerstëtzt an eist Land op d’Défien vu muer virbereet, mam Zil eise Sozialstaat ze erhalen a fir eng besser Zukunft fir d’Bierger an d’Betriber ze suergen.
@CaroleHartmann#edln2024
D’Preventioun muss verstäerkt an de Mëttelpunkt réckelen, d’Gesondheetsversuergung muss méi no a méi séier verfügbar bei de Leit sinn an eise Gesondheetssystem muss nees méi attraktiv fir d’Dokteren an d’Gesondheetspersonal ginn.
@CaroleHartmann@dp_lu#edln2024
D’Iddi ass et verschidde medezineschen Behandlungen, déi aktuell nach eise Spideeler virbehale sinn, ausserhalb vun de Spideeler unzebidden a méi dezentrale Strukturen, méi no beim Patient.
(...)
D'DP wëll keng Konkurrenz zu de Spideeler schafen. Mir wëllen den Extrahospitalier stäerken fir d’Spideeler z’entlaaschten.
(...)
Esou ee System, deen den Dokteren méi Optiounen erméiglecht, géif och zur Attraktivitéit vun eisem Gesondheetssystem bäidroen.
@CaroleHartmann #edln2024
D' @dp_lu wäert sech weiderhin dofir staark maachen, datt eng Joresaarbechtzäit fir méi Salariéen erméiglecht gëtt. Dofir muss de POT op de Leescht geholl ginn, deen aktuell vun der Majoritéit vun den Entreprisen am Land net genotzt gëtt, well seng Uwendung vill ze ëmständlech ass.
Och d’Reegelen vun de Rouzäiten a vun der Sonndesaarbechtzäit sinn ze rigid a stinn de Besoinen an de Wënsch vun de Salariéen am Wee. @CaroleHartmann #edln2024
D’DP ass keng Verbuetspartei. Mir sinn iwwerzeegt, datt d’Bierger bereet sinn de Wee an d’Klimaneutralitéit matzegoen, wann d’Politik hinnen déi néideg Optiounen gëtt, se finanziell ënnerstëtzt an all onnéideg Paperassen aus dem Wee raumt.
(...) fir d’DP dierf an der Energiepolitik net gespuert ginn. D’Investissementer mussen héichgehale ginn. D’Hëllefen un d’Stéid an un d’Betriber och. @CaroleHartmann@dp_lu #edln2024
Eist Haaptzil ass et eis Energie- a Klimapolitik esou séier wéi méiglech klimaneutral ze gestalten fir d’Ziler aus dem PNEC z’erreechen a gläichzäiteg eise Wuelstand laangfristeg ofzesécheren. @CaroleHartmann@dp_lu#edln2024
Mir brauchen also weiderhin eng kompetitiv Wirtschaft.
Kompetitivitéit net als Selbstzweck, mee als Mëttel.
Eng Wirtschaft, déi sécher Aarbeschtsplaazen an de néidege Wuelstand schaaft. Nëmme wa Wuelstand geschaf gëtt, kann och eppes verdeelt ginn. @CaroleHartmann@dp_lu #edln2024
Entrevue mam Schäfferot vun der Stad Iechternach: Den Inneminister @LeonGloden huet der @VilleEchternach weider finanziell Ënnerstëtzung zougeséchert, fir d’Héichwaasserschied ze behiewen a fir d’Infrastrukturen ze erneieren.🤝🏘️
Hire Buergermeeschterposten zu Iechternach wollt d'Carole Hartmann net no deem gudde Score opginn. Och wa si d'Méiglechkeet gehat hätt, fir Ministerin ze ginn. D'Vertrauen dat si vun de Bierger krut, wollt DP-Generalsekretärin net op d'Spill setzen.
https://t.co/UO1uvVH25J
Mir brauchen eng nei Approche an der Gesondheetspolitik. D’DP setzt sech fir eng méi dezentraliséiert Gesondheetsversuergung an. D‘Virdeeler dovun: De Patient huet méi kuerz Weeër a manner laang Waardezäiten an doduerjer e besseren Accès zur Medezin, besonnesch am ländleche Raum.
Fir d'DP ass de Virage ambulatoire nach net ambitiéis genuch.
Mir fuerderen:
👉 Eng Evaluatioun vum Gesetz no 2 Joer
👉 De konsequenten Ausbau vum Extrahospitalier
👉 D'Fërderung vum Initiativrecht vun den Dokteren
👉 Eng Analyse zur Installatioun vu Mammographen a Cabineten
D'@dp_lu ass däitleche Gewënner vun de #Gemengewalen! Mir hunn et fäerdeg bruecht a ville Gemengen eist Resultat ze confirméieren an ze verbesseren, mat erfuerenen an awer och mat neie jonke Kandidat/innen. Bravo, grousse Respekt a Merci un all déi engagéiert Leit! 💙
Eis 679 Kandidatinnen a Kandidaten setzen sech fir zukunftsorientéiert, nohalteg a liewenswäert Gemengen an.
Mir sinn #nobeidir. 💙
Dofir: Den 11. Juni DP wielen! Lëscht 2.
Méi Informatiounen zu eise Prioritéiten op https://t.co/mURzdW2Vwf
No der Kritik un der Gesondheetsministesch @LenertPaulette huet e Mëttwoch och d'@CaroleHartmann betount, "datt mer an der Santéspolitik awer e gewëssene Retard hunn". https://t.co/L32kv4FFLE
Wien géif d’Käschte vun där Mesure droen? Wou geet een an Zäite vun enger Penurie bei der Main-d’oeuvre d’Leit sichen, fir dat ze kompenséieren? Wat wier den Impakt op eise Pensiounssystem? Op d’Kafkraaft vun de Leit? Op de Wunnengsmaart? Op den Trafic?