Nom #Trumpschock, elo nach eng däitsch Regierung déi um Enn ass. Definitiv keng einfach Zäite fir Europa. Respekt fir den Olaf Scholz, dat hätte vill Leit him net zougetraut, mee et ass déi richteg Entscheedung.
Wann d’Fraktiounskeess e Selbstbedienungsladen ass ewéi bei de @Piratepartei, brauche mir eis net ze wonneren, dass d’Leit den Degout vun der Politik kréien.
@BenStreff Ech hu mol net seng Politik respektiv Kompetenz a Fro gestallt, mee wann 10% vun den EU-Bierger den Nicolas Schmit kennen, da wieren et der vill.
Wann déi europäesch Sozialisten esou en onbekannte Politiker wéi den Nicolas Schmit als Spëtzekandidat fir EU-Walen an d’Course schécken, brauch een sech net ze wonneren, wann ëmmer manner Leit déi Wal seriö huelen…
Zu Koblenz gouf et een Doudege wéinst Freedefeier, ee vu villen Accidenter, déi all Joers op Silvester geschéien. Et ass sécherlech net fir de Leit déi “lescht Freed” ze huelen, datt vill Gemengen d’Ofschéisse vu Freedefeier verbidden. https://t.co/VF8KmRyVHw
E Bazar International ouni Israel? Jo, et ass schwéier am aktuelle Konflikt den Iwwerbléck ze behalen, mee dat geet definitiv ze wäit.
https://t.co/yW6OBStsQx
“Si zervéieren sech”: Wa Politiker Virurteeler och nach confirméieren andeems se hier Käschten op Reesen NET am Grëff hunn, brauche mir eis iwwert e mangelnd Vertrauen an d’Politik net ze wonneren https://t.co/AZ5fIoNpFd
Wa meng Partei mech als JDL-President gefrot hätt e Video mat Fake-SMS vum politesche Géigner ze posten, hätt ech dat refuséiert. D’@CSJ_lu ass sech fir näischt ze schued a verbreet mat dësem Video eng CSV-Desinformatiouns- a Schmircampagne a verstéisst domat géint d’Walofkommes.
Um leschten Dag virun der Deadline sinn nach vill Lëschten dobäi komm. Bei de Gemengewalen hunn déi etabléiert Parteie Schwieregkeeten hier Lëschten ze fëllen, bei de Chamberwalen schéngt dat och fir méi “exotesch” Parteie kee Problem ze sinn… Wat beweegt déi Kandidaten?
Vill ongülteg Stëmmziedele bei dëse Gemengewalen, dovunner anscheinend vill, well d’Leit offensichtlech net woussten, wéi se richteg wiele sollten. Firwat keng Instruktiounen op den Ziedel schreiwe wéi an Däitschland? #gemengewalen2023
Och bei dëse Wale wäerte nees eng ganz Rëtsch Bréifwalziedele hire Wee net zu Zäit bis an d’Urne fannen. Et gëtt héich Zäit, datt den E-Voting agefouert gëtt! https://t.co/yRpPvIDLMI
Et kann net sinn, datt 2-3 Mol d'Woch sougenannt "Tuning Treffen" an de Leidelenger Aktivitéitszone statt fannen. Viru knapps 3 Woche war do e schlëmmt Accident an awer geet et riicht virun. D’Police muss an Zukunft méi reegelméisseg hei am Asaz sinn. https://t.co/WqrNFJ8SjI
“Steierentlaaschtunge bis zu engem Joresgehalt vun 135.000 €”, fir den @dan_kersch schéngt bal jiddereen zur Mëttelschicht ze gehéieren #Realitéitsverloscht