Mir mussen ambitiéis sinn, well et geet ëm d’Zukunft vun eis all. Mee mir mussen awer och sécherstellen, dass jidder eenzelen an eiser Gesellschaft de Wee vun der energeetescher Transitioun matgoe kann, an déi Ënnerstëtzung kritt déi e brauch.
2/2
Nom Klimabiergerrot den neie Klimaplang: Lëtzebuerg schrauft seng Efforten am Klimaschutz weider an d’Luucht – a suergt gläichzäiteg dofir, dass d’Leit net iwwerproportional belaascht ginn.
1/2
De @MaxHahn_ verdeedegt Decisioun vun der Regierung, de Moment keng Steierreform ze maachen. Et misst ee kucke wéi d'Finanzsituatioun sech 2023 entwéckelt, da kéint ee vläicht punktuell Adaptatioune maachen.
https://t.co/BmiCUstsjw
D’Konklusioune vum #Klimabiergerrot si kloer: JO, mir mussen als Lëtzebuerg e Krack bäileeën. JO, mir mussen nach méi ambitiéis ginn.
Als @dp_lu kënne mer eis deem nëmmen uschléissen.
De Logement ass eng wichteg Prioritéit vun dësem Budget : D’Hëllefe fir d’Leit gi verbessert, de Logementsministère kritt méi Budget, d’Dotatioun vum Fonds spécial geet an d’Luucht #Budget23LU
Mat 3,8 Milliarden bleiwen d’Investitiounen op héijem Niveau. Dat si keng abstrakt Zuelen, mä nei Infrastrukturen, Stroossen, Schinnen, Gebaier, Schoulen, déi dréngend gebraucht ginn #Budget23LU
De Sozialsystem gëtt weider ausgebaut, d’Investitiounen an eist Land ginn héich gehalen – zousätzlech zu den 2,5 Milliarden Hëllefen vun den 2 Tripartiten #Budget23LU
Dës Regierung paakt endlech d’Reform vun der Grondsteier un. @Xavier_Bettel "Mir iwwerhuele #Verantwortung fir eng gerecht Logementspolitik." #edln2022
#edln2022
D'Alters- a Fleegeservicer solle fir jiddereen accessibel sinn. Dofir schafe mir ronn 3.000 zousätzlech Better an ënnerstëtzen déi Leit, déi sech dës Offer net selwer kënne leeschten
Mir wëllen deene Schwächsten an eiser Gesellschaft nach besser hëllefen. Dofir erhéijen mir de Mindestloun an de REVIS am Januar ëm iwwer 3%. Och déi erhéichten AVC an d’Energieprimm ginn ëm ee Joer verlängert.
@CorinneCahen 👍
Historeschen Accord op der Héicht vun den Erausfuerderungen. Bierger a Betriber brauchen dréngend Ënnerstëtzung fir duerch dës schwéier Zäit ze kommen. Gläichzäiteg gëllt et🇱🇺 fit fir Zukunft ze maachen an déi energeetesch Transitioun konsequent virunzedreiwen! #tripartite@dp_lu
E grousse Merci fir d'Aarbecht an den Engagement vun de Memberen vum #KBR! 56 konkret Propose, déi et lo gëllt ze studéieren an an d'Klimapolitik vun der Regierung afléissen ze loossen. Mir sinn eis eens: Mir mussen eis Efforte verstäerken - besonnesch elo an dësen Zäiten!
Eng Chance fir manner Ofhängegkeet a méi Klimaschutz 👇
D’DP-Gemengepolitiker engagéiere sech, fir eng Virreidderroll ze iwwerhuelen & hir lokal Efforten am Sënn vun engem nohaltegen a verantwortungsvollen Energieverbrauch weider auszebauen.
Méi Informatiounen am Thread 🧵
2 vun 3 Stéit déi zu Lëtzebuerg lounen, kënnen an de Genoss vum Wunngeld (Subvention de loyer) kommen.
Konkret heescht dat nom Vott haut an der Chamber: bis zu 200€ de Mount fir Jonggesellen a bis zu 400€ fir Familljen un Ënnerstëtzung beim Loyer🏠
@CharlesGoerens Atomkraaft a Gas si keng nohalteg Energiequellen a wäerten eis am Kampf géint de Klimawandel net viru bréngen.
Dofir wäerte mir och weider géint dës Entscheedung virgoen - och viru Geriicht.
(2/2)
#Taxonomie: D'EU-Parlament gëtt gréng Luucht, fir Atomkraaft a Gas als nohalteg anzestufen.
De @CharlesGoerens an all déi aner lëtz. Europadeputéiert hu géint de Projet gestëmmt...
(1/2)