An der Enquête iwwer de Finanzbedruch bei der Caritas leien dem radio 100,7 nei Informatioune vir. Et stellt sech d'Fro, wéi eng Roll déi inculpéiert Finanzdirektesch an hire Service beim Bedruch gespillt hunn.
https://t.co/k8kwqNxc13
De Parteispriecher vu Fokus, de Frank Engel, verdeedegt d’Decisioun fir d’Europadeputéiert Monica Semedo als Kandidatin mat an d’Europawalen ze huelen. Déi fréier DP-Politikerin ass zwee mol wéinst Belästegung vun hire Mataarbechter sanktionéiert ginn.
https://t.co/otQe1gkGu4
Den ADR-Spëtzekandidat Fred Keup seet et wär him “komplett Wurscht”, datt de Vize-President vu senger Partei e Symbol benotzt huet, wat och vu Gruppe benotzt gëtt, déi vum däitsche Verfassungsschutz observéiert ginn.
https://t.co/juRxEQIHyu
Ein Kind wird minutenlang weinen gelassen, ein anderes gewaltsam am Boden festgehalten. Sind die Erzieherinnen in dieser Kita überfordert?
#TeamWallraff https://t.co/HlYRBR2PGz
D'LSAP huet eisen Informatiounen no zu Beetebuerg eng Minoritéitskoalitioun proposéiert, déi op d'Ënnerstëtzung vun der rietspopulistescher ADR ugewise gewiescht wier.
https://t.co/2YIZCE5YQB
Nach den Gemeindewahlen echauffieren sich Politiker unterschiedlicher Parteien wieder über den vermeintlich nicht respektierten „Wählerwillen“. Der Begriff ist nicht nur schwammig, sondern auch gefährlich. Ein Kommentar von @_cbumb via @reporter_lu https://t.co/K1ancKYGQS
Vun haut u gëtt d'100,7 Famill méi grouss. Mam "opus 100,7" huet Lëtzebuerg elo en neie Klassik-Webradio. Dës zousätzlech Offer riicht sech an éischter Linn un d'Frënn vun der klassescher Musek.
https://t.co/pm1mVHDUln
Vill onbegleet mannerjäreg Refugiéen hei am Land kënnen net an d'Schoul goen, obscho si dat wëllen. Elo solle fënnef zousätzlech Schoulklassen agefouert ginn, déi un allengreesend Mannerjäreger ugepasst sinn.
https://t.co/XOkaO00PCw
D'Caritas an den Ombudsman fir Kannerrechter kritiséieren d'Situatioun an engem Foyer fir jugendlech Flüchtlingen an der Stad. Och wa bei der Finanzéierung nogebessert gi wier, kéint kee korrekten Encadrement garantéiert ginn.
https://t.co/yrS6mPgsig
An der Stad ginn et ëmmer méi Leit, déi net op där Plaz wunnen op där se ugemellt sinn. Anescht wéi vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer duergestallt, géifen déi Leit net vum System profitéieren, mee ëmgedréint, esou d'ASTI.
https://t.co/yhqoKopdMH
D'Gemeng Dikrech krut Onrecht um Verwaltungsgeriicht am Fall vun der Hausse vun der Grondsteier op eidelstoend Terrainen. Dat sot eis den Affekot vun de Kläger, de Jean-Marie Bauler.
https://t.co/iKzbHgMrir
Der 33-jährige Sozialpädagoge und vierfache Vater Tom Nero prangert Zustände in der Kinderbetreuung an und will nicht länger mitansehen, wie Kinder leiden. ⬇️ https://t.co/3dcmEN8QUY
De @HaagenClaude hofft, datt d'CNS de Remboursement vu Psychotherapië geschwë wäert iwwerhuelen. Esouwuel d'CNS, ewéi d'Psychotherapeute missten elo mam Tarif vun 144 Euro liewen, seet de Sozialminister.
https://t.co/R74Sb6T47y
Haut ass de Roses Revolution Dag, op deem d'Affer vun der Gewalt an der Gebuertshëllef sollen ënnerstëtzen ginn, a rosafaarweg Rousen néiergeluecht ginn. D'Maxi Pesch huet mat enger betraffener Fra geschwat.
https://t.co/j3JeBCY8oZ
Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet als eisen Invité vum Dag probéiert d'Lienen ze vertuschen tëschent enger Firma, an där hien an der Vergaangenheet Administrateur war, a Sandstone - der Firma vum Frank Schneider, deen un d'USA soll ausgeliwwert ginn.
https://t.co/CLvVEIxFAo
D'CNS versprécht e System fir den elektroneschen Austausch vun Donnéeën an de Paiement Immédiat Direct fir d'nächst Joer - an dat trotz dem Konflikt tëschent der Dokterschaft an der Agence eSanté.
https://t.co/SrGqtsoSeH
D'Justiz enquêtéiert géint de fréieren Direkter vum Netzbedreiwer Creos. Eisen Informatiounen no huet en Untersuchungsriichter eng Instruktioun wéinst Prise illégale d'intérêts opgemaach.
https://t.co/EtXS0T1Zlf
Den Zenter "Lunata", an deem Fraen accouchéiere kënnen, gëtt privat, an net vun engem Spidol bedriwwen. Den Zenter argumentéiert, et wier ee gesetzeskonform. D'Santé stellt d'Legalitéit vum Zenter awer a Fro.
https://t.co/iychRY8Q3e
Zanter der Pandemie ass d'Zuel u Bëbeeën, déi um "Schütteltrauma-Syndrom" stierwen, bei eise franséischen Nopere staark geklommen. D'Alupse plädéiert hei am Land fir méi eng staark Sensibilisatioun.
https://t.co/QJQvJvuyzj
D'@Wort_LU plënnert 100,7-Informatiounen no am Dezember an dat aalt Gebai vun Heintz van Landewyck op der Gare. Do géif een en Deel vum Gebai lounen, heescht et. Zejoert ass d'Wort eréischt op den Houwald geplënnert, do goufen et Problemer mat Schimmel.
https://t.co/0qFO5YncDZ