De Premierminister huet grad an der Chamber op meng Nofro hin ugekënnegt, dass d'Regierung NET gedenkt, virum 🇪🇺-Geriichtshaff géint d'Verlängerung vun de Kontrollen op der 🇱🇺🇩🇪-Grenz virzegoen. Dës PASSIV Haltung ass inakzeptabel! Mir mussen ALL Mëttelen mobiliséieren an Drock maachen, fir Schengen ze retten.
E puer Impressioune vun eisem Kongress wou haut all eis Gremien nei gewielt goufen.
Merci dem Djuna Bernard an dem Meris Šehović fir hier wäertvoll Aarbecht als Partei Presidentin a Partei President. 💚
Wëllkomm Stéphanie Empain a François Benoy! 💪🌻🍀
Wéi wäerten dës Kontrollen duerchgefouert ginn, a wéi wäert den Trafic an der Grenzregioun betraff sinn? Wéi eng Schrëtt ënnerhëllt d’Regierung fir dogéint virzegoen? D’@SamTanson an ech hunn an enger QP no Präzisiounen vun de Ministeren Frieden, Bettel & Gloden.
🛂 Verstäerkt Grenzkontrollen un den🇱🇺🇩🇪 Grenzen: D’Mesuren vum Nancy Faeser si konträr zum Esprit vu #Schengen a mussen vu Regierung, Chamber, konsequent bekämpft ginn! Wann dat Normalitéit gëtt, dann huet dat katastrophal Konsequenzen fir d’grenziwwerschreidend Zesummeliewen, Ekonomie & Trafic!
Mir konzentréieren eis weiderhin op eis Prioritéiten aus dem Koalitiounsaccord:
👉 Bauoffensiv bei ëffentlechen bezuelbaren Wunnengen fir Familjen, Studenten, Senioren, …
👉 Alternativ Wunnformen ënnerstëtzen (WGen, Kooperativen, …)
👉 Groussen Invest an Infrastrukturen, Schoulen, Kannerbertreiung (4/4)
D’Stad Esch wäert net en appel goen géint d’Uerteel vum Tribunal administratif zu de LOGEMENTS INTÉGRÉS. Mir akzeptéieren d’Uerteel, well et d’Ziler an d’Moyenen vun eiser Urbanismus- a Logementspolitik net a Fro stellt. Mir halen um Schutz vun Eefamiljenheiser an un der virsichteger Entwécklung vum gewuessenen Esch fest. (1/4)
Wat bedeit d’Uerteel NET:
🔴 Eefamiljeheiser kënne weiderhin NET ofgerappt oder ëmgebaut ginn fir doraus Appartementsheiser ze maachen;
🔴 KENG automatesch Baugenehmegung, mä Préifen vun der nationaler an kommunaler Legislatioun an Autorisatioun cas-par-cas
🔴 KENG Iwwerlaaschtung vun de concernéierte Wunnquartieren duerch onkontrolléierte Wuesstum. (3/4)
Quel soulagement! Le front républicain 🇫🇷 a tenu! Mais l'heure n'est pas à l‘euphorie. Former un gouvernement sera compliqué. L'extrême droite reste une menace. Aux démocrates de construire des ponts et renforcer la confiance des citoyens par une bonne politique.
DP & CSV decidéieren an der PETI-Kommissioun, de Seuil fir Petitioune vu 4500 op 5500 eropzesetzen a bremsen domat d’Biergerbedeelegung aus! Wisou Participation citoyenne méi schwéier maachen, wa mer méi Matsprooch brauchen an net manner? @deigreng si fir d‘Bäibehale vum aktuelle Seuil.
Op Ufro vun eisen Deputéierte François Bausch a @MerisSehovic huet d'Mobilitéitsministesch der Chamber déi bestoend Studien zum Tramausbau an der Porte-Neuve bereet gestallt. Dës goufen haut an enger Pressekonferenz präsentéiert.
Kompletten Désaveu vum Spëtzekandidat @CharlesGoerens duerch seng eege Partei an der Chamber. D’DP an d’CSV stëmmen mam ADR eng Motioun iwwert d’Eestëmmegkeet bei Steierfroen. D’DP lauschtert méi op den Här Kartheiser ewéi op den Charles Goerens, dee sech géint d’Eestëmmegkeet ausgeschwat huet.
Schonn erëm vertrëtt d’Regierung d’Interesse vun der Stater Buergermeeschtesch op Käschte vum ganze Land! D’Mobilitéitsministesch kapituléiert virun der Bremser-Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg. D’Sträiche vun der geplangter 2. Tram-Trass setzt d’Zouverlässegkeet an d’Qualitéit vum Tram op d’Spill!
👉 De Minister bretzt sech mam Recrutement vu 55 neien Agente fir d'Police judiciaire, dat ass awer eleng de Merite vum viregte Minister.
👉 D'Annonce vum Minister, de Recrutement bei der Police op 200 Agenten eropzeschrauwen ass falsch. Netto gi just 90 nei Poliziste recrutéiert.
Remarkabel Sëtzung vun der Interieurskommissioun zum Heescheverbuet. Den Inneminister huet an 3 Méint méi Porzeläin an den Institutiounen futti gemaach, wéi Villeroy & Boch an engem Joer produzéiere kann! Chaos an politeschen Aktionismus op Käschten vun eiser Sécherheet!🧵
👉 Héichspezialiséiert Beamte vun der Police judiciaire, déi an der Bekämpfung vum Terrorismus, Blanchiment a Finanzkriminalitéit schaffen, mussen d'Heescheverbuet vun der Stad Lëtzebuerg enforcéieren.
👉 De Parquet war net informéiert iwwert de Fait, dass Agente vun der Police judiciaire fir den Dispositif spécial ofgezu ginn. Anescht wéi vum Minister behaapt, gëtt et keen Appell a keen SMS un d'Madame Solovieff.
👉 Grouss Onzefriddenheet beim Parquet a bei der Police judiciaire par rapport zum Virgoen vun der Regierung.
Erstaunlecherweis huet d'Regierung am Budget pluriannuel fir 2025-2027 d'Contributioun fir den #TICE op 39 mio. gedeckelt. Fir 2024 sinn, wéi vum François Bausch versprach, 52,5 mio. virgesinn. Soll hei gespuert ginn, ouni dass mam TICE a mat de Gewerkschaften iwwert eng nei Konventioun verhandelt ginn ass, Madame @Yuriko_Backes?