D’europäesch Wirtschaft leit ënner héijen Zënsen, deierer Energie an der Konkurrenz aus China an den USA. Wéi soll d’EU domatt ëmgoen? Dat ass d’Theema vun eiser offizieller Table Ronde virun den Europawalen.
https://t.co/Udd5L7UVcf
De Franz Fayot léisst keen Zweifel drun, datt hien op Bréissel geet, wann en an 3 Woche gewielt gëtt. Dat gëllt awer net fir all d’Kandidate vun der LSAP: https://t.co/KMZwlVpPOB
Déi geplangten Tramslinn laanscht de Stater Park soll nach eng Kéier ganz nei iwwerluecht ginn. Zil wier et, Plaz ze gewannen, ouni déi néng schützenswäert Beem mussen ëmzehaen, déi d'Lydie Polfer als Argument géint d’Tramsstreck ugefouert huet.
https://t.co/rpUhqmSWNy
Viru 25 Joer ass zu Rëmeleng ee sougenannten Arboretum op engem industrielle Site entstanen. Hei kënne Visiteuren net nëmme Rou an Erhuelung genéissen, mee och ob eng lieweg Aart a Weis iwwer d’Natur léieren.
https://t.co/nyUqyqkpVw
An de leschten Deeg war méiglecherweis nees e Wollef am Éislek ënnerwee. D’Naturverwaltung analyséiert nämlech grad op zu Bruechtebaach e Kallef vun engem Wollef gerass gouf. Mee wéi geféierlech ass de Wollef?
https://t.co/CeDDxIi7i8
D’LSAP-Fraktiounscheffin bedauert, datt hire Parteikolleeg Bob Steichen um Heescheverbuet zu Ettelbréck festhält. Si fënnt et extrem schued, datt hien dat als Ettelbrécker Buergermeeschter net wéilt änneren.
https://t.co/WjrQPEMPH3
D‘Internat zu Iechternach an der fréierer Beneditkinerabtei feiert dëst Joer säin 125. Gebuertsdag. An deenen 125 Joer huet sech vill gedoen. Een Internat vun haut ass nämlech net méi dat selwecht, wéi deemools.
https://t.co/1oB8Iz6acI
Zu Ettelbréck soll keen Drogekonsumraum opmaachen. Dat seet de Buergermeeschter Bob Steichen. Déi Struktur géif net a sou eng kleng Stad passen. Och um Heescheverbuet wëll den LSAP-Buergermeeschter festhalen.
https://t.co/ewFxOcNNKu
Zaldote leiden no Asätz a Krichsgebidder heiansdo nach jorelaang ënnert deem, wat si do erlieft hunn. Och vill Filmer beschäftege sech mat deem Leidenswee. Et ginn awer och hei am Land Betraffener. Zwee vun hinnen hunn eis am Hallwer Néng dovu verzielt.
https://t.co/q0rEg1BMv9
Hu dir an de nächsten Deeg e laange Wee an d’Vakanz virun Iech? Da lount et sech virdrun e Bléck op eis Interviewen aus dem Hallwer Néng ze werfen. Bei Apple Podcasts kennt der se eroflueden fir ënnerwee ze lauschteren:
Mir hunn eis rezent mat de Bedreiwer vum Dikrecher Autosmusée ënnerhal, an och mat zwou Fraen, déi all Owend ënnerwee si fir Mouken ze retten. Dir fannt déi Gespréicher ënnert anerem bei Apple Podcasts: https://t.co/NddEBezlOo
De President vun der Vëlosportfederatioun Camille Dahm warnt viru Vëlosrandonnéeën, déi net iwwer seng Federatioun ugemellt ginn. Dem Sportgesetz no wier d’Federatioun dofir responsabel, fir Vëlosevenementer offiziell unzemellen, esou de Camille Dahm. https://t.co/SnrJOSUlqv
Den neie President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn, géif eng Fusioun vun de Lëtzebuerger Bauereverbänn begréissen. Déi dräi Verbänn géinge souwisou ëmmer méi no beienee réckelen, esou de Christian Hahn am 100,7-Interview.
https://t.co/IHEChVNFYH
De Mouvement écologique fuerdert, datt déi nei Regierung ufänkt, Akzenter an der Ëmweltpolitik ze setzen. Déi nei Koalitioun hätt bis elo nach keng Prioritéiten an dem Beräich genannt, esou d'Blanche Weber, an hir Gedold wier esou lues um Enn.
https://t.co/Rfa7AYsYZg
An der Ouschtervakanz mécht den Hallwer Néng um Radio eng Paus. Dat ass e gudde Moment fir Episoden ze entdecken, déi Dir an de leschte Woche verpasst hutt. Hei fann Dir all d’Sendungen op ee Bléck:
https://t.co/RSz8kulmFy
D’Ecole nationale pour adultes ass am Moment ze kleng. Dat sot déi nei Direktesch vun der ENAD am 100,7-Interview. D’lescht Rentrée hätten eng Rei Schüler misse refuséiert ginn, well et net genuch Plazen an de Klassesäll gouf.
https://t.co/6U38nK8is5
De ville Ree féiert dozou, datt d’Peegel vun de Flëss a Baachen am Moment relativ héich sinn. Grad an esou Situatioune kann et hëllefen, datt ëmmer méi Gewässer renaturéiert ginn.
https://t.co/4QU0xL1dUF
D‘Emaischen an d‘Péckvillercher sinn net vuneneen ze trennen. Historesch gesinn hu se zwar ënnerschiddlech Urspréng. Am Laf vun der Zäit hu se awer zu Lëtzebuerg hire Wee zesummefonnt.
https://t.co/fLst2TiQQe
Am Abrëll feiert de Conservatoire National de Véhicules Historiques säin 20. Gebuertsdag. An der fréierer „Fabrique de voitures Jean Wagner“ gi reegelméisseg Ausstellunge ronderëm den Auto gewisen. Datt de Programm variéiert, ass awer nach relativ nei.
https://t.co/PHVQaEVRel
De François Benoy denkt driwwer no fir am Hierscht fir de Spëtzeposte vun déi gréng ze kandidéieren, esou de Stater Politiker am 100,7-Interview.
https://t.co/Da3eXTJINO
D’ADR schléisst net aus am Europaparlament mat der AfD zesummen ze schaffen. Den ADR-Kandidat Alex Penning seet, wa seng Partei en Europadeputéierte kritt, géif deen zur Fraktioun vun de Konservativen a Reformer (ECR) gehéieren.
https://t.co/uAL5pFGR7l