Eng Rëtsch nei Kaarte sinn am Variatiounsatlas lo publizéiert ginn. Ë.a. Tastatur/Clavier, eng Kiwi/e Kiwi, Impfstoff/Vaccin, Couvre-feu, Schnauer etc. Luusst eran an den Atlas, an deem mëttlerweil iwwer 700 Phenomeener traitéiert ginn.
https://t.co/TEwV8ZibQZ
@jaykayone @den_ZLS @telecran Mof steet fir d'Variant 'Boam' vum Süden, déi awer manner wéi 50 % virkënnt. Fir déi wäiss Gemengen hu mer (nach) keng Donnéeën. Dowéinst: All wgl. nach bei der @Schnessen -App matmaachen iwwert d'🎄deeg. Schéi Feierdeeg!
Eng zimmlech eendeiteg Entwécklung, wéi franséisch Aussproochen am Lëtzebuergeschen altersbedéngt ofgebaut ginn: Demokra[s]ie > Demokra[t]ie, Diploma[s]ie > Diploma[t]ie. https://t.co/KYpipKj6Xl
Mol rëm eng Statistik: Den Taux vun de Participante(ë) pro Gemeng relativ zur Awunnerzuel. Am ganzen hu bis elo 4220 Leit bei der Schnëssen-App matgemaach an an der Moyenne 69 Items opgeholl. Am meeschten zu Wäiswampech an Noumer (2 %), am mannsten zu Konstem a Simmer (0,9 %).
@clarissawam Aktualiséiert Analys an eisem Atlas > Wuertschatz > Printer 🖨️. Drécker ass ganz seelen. Markant Ofhängegkeete vun Ausbildung a Sproochekompetenzen. https://t.co/KYpipKj6Xl
An eiser Erhiewung kommen d'Enspriechunge 'Päischten' a 'Péngschten' fir gr. πεντηκοστὴ zimmlech gläich mat jeeweils 50 % vir, mat interessante Verdeelunge re. Alter a Regioun. Méi um Variatiounsatlas https://t.co/KYpipKj6Xl.
Lo endlech gouf d'Schnëssen-App aktualiséiert. Déi nei Ronn dréit sech ganz ëm de Sproochgebrauch vum Corona. D'App leeft lo och um Tablet, wat fir vill Leit vläicht méi agreabel ass. Maacht wgl. all mat! An der App gi lo och d'Resultater fir méi wéi 80 Wierder presentéiert. 🎄🎄
@EisSprooch An hei eis Resultater fir de Gebrauch vum 'Jong'. Net méi laang an eng nei Versioun vun eiser App kënnt eraus - mat neie Funktiounen an neien Aufgaben. 🤳 https://t.co/XdDjAQu10X
Mir hu mol bësse gerechent an d'Participatiounstauxe kartéiert. Pro Gemeng hunn duerchschnëttlech tëscht 0,3 an 1,6 % (Weiswampech!) vun den Awunner bei de @Schnessen -Opname matgemaach. D'Moyenne vun den Opname pro Gemeng läit tëscht 64 a 400 (Sëll!). Merci a maacht weider mat.
Et voilà: De Schnëssen-Video fir de 4. Adventssonndeg. Haut dréint sech alles ëm d'Astellunge par rapport zum Lëtzebuergeschen.
https://t.co/FDmOn9tW82
Interessant ass, dass d'Variant 'mar' Alter indizéiert, iwwerdeems vun de méi jonke Leit 'muer' preféiert gëtt. D'Variatioun weist domat eng flott Combin aus regionale a soziolinguistesche Facteuren. #4/4
Eigentlech war dës #Schnëssen-Auswäertung fir den Adventskalenner virgesinn, mee do maache mer nach eppes aneres. Dann eben hei séier d'Variatioun vum 'muer'. Heefegst Variant 'muer' - iwwerall am Land ze fannen. Och 'mar' nach relativ heefeg - awer net am Süden an am Norden. #1