Den Adrenalin um Maximum, d’Touren um Optimum, a lass et geet. Ëmmer Pneu u Pneu mam Serge. Pole position vun der Lëtzebuerger Formel-1 Twitter Bubble.
Kann endlech een dem Paul Philipp soen datt wann de Ball op d‘Lat oder op de Potteau geet een net ka soen ���Deen hätt gepasst“, WELL OFFENSICHTLECH HUET E JO NET GEPASST.
#championsleagueoprtl
Nei CFL-Zich:
- Onbequeemst Sëtzer vun allen
- Op de Fënsterplazen zitt et wéi Sau wéinst der Klima
- 1. Klass quasi guer net gekennzeechnet
- Dieren déi haart tuute wa se opginn
- gesi scheisse aus
Nice one CFL 👌🏻
Fränky Hippert Logik:
2,5 Sekonne Stop beim Sainz: „Ganz anstänneg dato.“
2,6 Sekonne Stop beim Leclerc: „Dat läit an der Moyenne.“
2,7 Sekonne Stop beim Verstappen: „Dat ass guer net gegléckt.“
#formel1oprtl