@ThomaCarole Yes, averstaan! Let’s agree to disagree, fir de Rescht freeën ech mech op hoffentlech interessant Debats & Austausch matt jidderengem, mir sinn et den zukünftege Generatioune schëlleg.
@ThomaCarole@diego_bxl@forum_lu Wéi kann eppes e Geheimnis sinn waat nach nët décidéiert ass a gemeinsam soll erschafft ginn? Mir kommen hei op kee gréngen Zweig, schéinen Owend trotzdem.
@ThomaCarole Et gin awer Nuancen wéi een daat schreiwt. Äre Post liest sech wéi wann datt schon décidéiert wier. Fakt ass: et ass näischt décidéiert a jidderee soll mattgeholl ginn. Et wier Schued wa jidderee matt esou Virurteeler an d‘Diskussioune geet. Dann ass eng oppen Debat schwéier.
@egodotlu@ThomaCarole De Punkt ass datt Reformen an deem Beräich evtl. 40 Joer brauchen bis datt se voll gräifen (d‘Dauer vun dem Aarbechtsliewen). A virwaat solle jonk Generatiounen eppes zougemutt kréien a Firmen nët?
@ThomaCarole@diego_bxl@forum_lu Andeems dir behaapt et géif eng Reform zu Laaschten vun den Assuréen an zum Profit vu Privatboîte gemaach ginn? Interessant Approche.
@ThomaCarole@diego_bxl Mengen do ginn et nach vill aaner Quellen. Wëllt dir dann einfach näischt maachen an mol oofwaarden an hoffen datt et gutt geet? Wéi gesoot, am @forum_lu steet ganz vill interessantes dran.
@ThomaCarole Wann daat keng Behaaptung ass, wees ech et och net. Quasi all Etude soen datt de System esou op Dauer net finanzéierbar ass. Elo d‘Aan zoumaachen ass onverantwortlech.
@ThomaCarole Mir wëssen datt wa mir esou weiderfueren, waat äre Post jo awer scheinbar suggeréiert, mir am Joer 2070 ronn 1,7mio Leit bräichten déi abezuelen fir d‘Renten ze garantéieren! Ass et dann net méi responsabel elo gemeinsam no Léisungen ze sichen a Plaatz Behaaptungen ze streeën?
@Fred_Keup@TomWeidig A waat huet den @TomWeidig a sengem Post matt der ganzer LGBTIQ+ Community gemaach? An war daat net och en Ugrëff op den Direkter? Daat waat iech net passt dierf ongenéiert an hemmungslos kritiséiert ginn a wa Géigewand kënnt sin déi aaner di Béis.
@Fred_Keup@TomWeidig Säit wéini huet Opklärung iwwer LGBTIQ+ eppes matt politescher Neutralitéit ze dinn? Dir fand et also schlecht wann Schüler zu Themen informéiert ginn déi als Konsequenz (hoffentlech) zu Oppenheet a Versteesdemech féieren? Dont acte.
@Max_Pesch @Frank_wh@tageblatt_lu@dm1982_balou Gesi mech och nët als moralesch Instanz awer géif et generell gutt fannen wa mir all zu engem méi rouegen Toun géifen zréckfannen an d‘Inhalter an de Mëttelpunkt stellen. Och wa mir eis eenz sinn datt mir eis bäim Inhalt nët eenz sinn😉
🏡🏗️De "Logementsdësch" war Sujet an der Froestonn an der Chamber.
💬🚀De Premier @LucFrieden huet déi grouss Zilsetzunge vun der Regierung presentéiert an den Inneminister @LeonGloden huet déi konkret Mesuren erkläert.